arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vun der Met zu New York op Lëtzebuerg
headphones
0 min
Vun der Deutschen Oper Berlin bis op Metropolitan Opera zu New York: Als Operestar ass d'Diana Damrau quasi op der ganzer Welt doheem. Dëse Méindeg (12.06.2017) sengt d'Sopranistin zesumme mat hirem Mann, dem Bass-Bariton Nicolas Testé, e Galaconcert an der Philharmonie. Um Programm stinn Extraiten aus Opere vum Giacomo Meyerbeer, dem Jules Massenet an dem Guiseppe Verdi.