De Kammermusekveräin Lëtzebuerg spillt e Sonndeg, den 18. Juni, an der Kierch vu Käerch e Concert mat just engem Stéck um Programm: dem Franz Schubert säin Oktett a fa majeur. Wat mécht dëst Wierk esou besonnesch? A spigelt et dem Komponist seng Situatioun an där hie war, während en un dësem Wierk komponéiert huet? De Luc Boentges huet beim Klarinettist Sébastien Duguet nogefrot.
Lëschteg Musek vun engem depressive Komponist