CD-Klassik
Den éischte Streech
Éischt Kompositioune mussen net ëmmer direkt Meeschterwierker sinn. Dacks deite se awer schonn un, datt vun engem Komponist nach muenches z'erwaarden ass. Beim Claude Debussy, beim Dimtiri Schostakowitsch, beim Serge Rachmaninow an och beim Hans-Werner Henze, wësse mir haut, datt dat fréit Talent sech confirméiert huet. Mat vill Vertraue kuckt den Trio Rafale och op d'Wierk vum Schwäizer Komponist Jannik Giger, anerwäerts hätte se hien net an de Programm vum CD "Youthful Passion" opgeholl.