Klassik aktuell
Keen normale Recital
Am Kinneksbond stinn dëse Weekend (16.6.2017-17.6.2017) d'Stéck "Schwanengesang D 744" an eng musikalesch Installatioun fir Kanner op der Affiche. D'Stéck fänkt u wéi en normale Recital: Eng Sopranistin gëtt begleet vun engem Pianist an zesummen interpretéiere si a voller Harmonie Lieder vum Franz Schubert. No enger gewësser Zäit changéiert d'Zeen allerdéngs an d'Sängerin verléisst d'Bühn. Firwat? Lieder vum Franz Schubert goufe vum Romeo Castellucci inzenéiert. De Luc Boentges huet sech iwwer d'Mise en scène an d'Installatioun fir Kanner informéiert.