CD-Klassik
Die griechische Passion
Mat der Programmatioun vum Bohuslav Martinu senger Oper "Die griechische Passion" hat d'Oper vu Graz d'lescht Joer een héich brisant Thema opgegraff. An der Oper geet et nämlech ëm Flucht a Fräiheet, eng Erfarung, déi de Komponist och selwer gemaach huet. "Fir d'Fräiheet muss ee kämpfen", schreift de Bohuslav Martinu a sengen Erënnerungen. Deen tschechesche Komponist war während dem Zweete Weltkrich an den amerikaneschen Exil gaangen. Nom Retour an Europa schreift hie seng "Griechische Passion". Vun der Grazer Opereproduktioun gëtt et elo ee Matschnëtt op CD.