arrow_back_ios
CD-Klassik
Mozart aus Kanada
Les Violons du Roy - dat war am 17. an 18. Joerhonnert dee bedeitende Kammerorchester vun de franséische Kinneken zu Versailles. Zënter 1984 huet sech deen Numm nees als Mark fir exzellent Kammermusek etabléiert - dës Kéier am Québec, vu wou Les Violons du Roy eng international Carrière maachen. Den Ensembel couvréiert de ganze Repertoire - vum Barock bis an d'20. Joerhonnert. Beim kanadesche Label Atma huet en elo eng CD mat de Concerti fir Cor vum W. A. Mozart publizéiert.