arrow_back_ios
CD-Klassik
D'Belle Epoque vun der Klarinett
Ouni d'Mannheimer Schoul an d'Wiener Klassik hätt d'Klarinett méiglecherweis net dee Boom erlieft, dee se am spéiden 18. Joerhonnert hir grouss Popularitéit ze verdanken huet. Technesch Weiderentwécklunge vum Instrument a Komponisten, déi virwëtzeg an op fir Klangexperimenter waren: Dës béid Elementer hunn dozou bäigedroen, datt grad an där Zäit vill Repertoire fir d'Klarinett entstanen ass. Déi nei CD-Produktioun mat Wierker vu Stamitz, Kormmer an Hoffmeister gëtt een Abléck an des spannend Zäit.