arrow_back_ios
Klassik aktuell
Du Nil à l'Oural
Eng musikalesch Rees vum Mëttelmier bis a Russland - dat ass den Thema vum Concert dëse Samschdeg (1.7.2017) am Kader vum Wëlzer Festival. Chéier aus Frankräich, der Belsch a Lëtzebuerg, Solisten an den Orchestre Philharmonique de Thionville proposéieren net nëmmen eng grouss Palett vun typesche Klangfaarwen, mä och ganz ënnerschiddlech Stiler: vun der Oper iwwert de Musical bei d'Chanson an de Pop.