CD-Klassik
Wagner aus Holland
D'Musek vum Richard Wagner huet eng laang Traditioun am Concertgebouw zu Amsterdam. Scho fir d'Ouverture am Joer 1888 stounge Wierker vum Bayreuther Meeschter um Programm. Dem Komponist säin Numm gehéiert och zu deene 46 Nimm, déi ronderëm d'Corniche vum Balcon ze liese sinn: an enger Rei mat Bach, Beethoven, Mahler. De Richard Wagner gehéiert zur musikalescher DNA vum Concertgebouw-Orchester, deen elo ee Live-Matschnëtt vun enger konzertanter "Lohengrin"-Produktioun erausbruecht huet.
Presentéiert vum Remy Franck.