CD-Klassik
Eng musikalesch Horrorgeschicht
Viru ronn 150 Joer waren Horrorgeschichten an England immens beléift. Kee Wonner also, datt den Antonín Dvořák sech entscheet huet d'Ballade "Die Geisterbraut" vum Karel Jaromír Erben a Musek ëmzesetzen, wéi hien eng Commande vum Birmingham Triennial Musical Festival krut. Erauskoum eng Kantate, déi beim Publique zwar gutt ukomm ass, awer ni wierklech hire Wee op d'CDe fonnt huet. Viru kuerzem ass allerdéngs eng Opnam vun dësem Wierk mat der Wiener Singakademie an dem ORF Radio-Symphonieorchester Wien, ënnert der Direktioun vum Cornelius Meister bei Capriccio erauskomm, déi de Remy Frank elo presentéiert.