CD-Klassik
Exiles
Den Nazi-Regime huet an den 30er a 40er Joren virun allem jüddesch Komponisten an den amerikaneschen Exil gedriwwen. Eng Partie vun hinnen ass an dem neien Ëmfeld net eens ginn, anerer hunn eng nei Carrière gemaach, wéi den Erich Wolfgang Korngold als Filmkomponist, oder Meeschterwierker geschriwwen, déi de Verloscht vun der Heemecht reflektéieren. D'Cellistin Ophélie Gaillard proposéiert op hirem neien CD eng Rëtsch Wierker vun Exil-Komponisten. Eng CD, déi de Remy Franck recommandéiere kann.