CD-Klassik
Op der Sich nom authentesche Klang
Wéi hunn dem Brahms seng populär ungaresch Dänz an dem Dvorak seng net manner beléift slawesch Dänz eigentlech fir Zäitgenosse geklongen, fir d'Komponiste selwer an hire Public an engem Joerhonnert, wou et nach keng Fligele gouf, déi Klang genuch fir Concertssäll mat iwwer 1000 Leit produzéiert hunn. De Jos van Immerseel an d'Claire Chevalier hu sech op hirer neier CD op d'Sich no Klangspure gemaach.