Klassik aktuell
Den Dag musikalesch ausklénge loossen
Et war ee lousen Editeur, deen de Begrëff "Moments musicaux", fir eng Suite vu Pianoswierker vum Franz Schubert erfonnt huet. De Genre huet schëtzeg Fouss gefaasst an der Musek an aner Komponiste wéi de Rachmaninow inspiréiert. Well et eigentlech keng genee Definitioun fir dës Form gëtt, bezitt e Moment musical sech net nëmme méi op eng musikalesch Gattung mä och op eng Concertsform - een agreabelen Ament mat der gudder Musek. An där kann een iwwert de Summer nees reegelméisseg an der Paterekierch erliewen.