arrow_back_ios
Klassik aktuell
En Tango-Owend um Wëlzer Festival
E Freideg (7.7.2017) spillt den Orchestre de Chambre du Luxembourg um Wëlzer Festival e Concert mam Titel "Soirée Tango". Um Programm steet e Wierk vum Tango-Nuevo-Komponist Astor Piazzolla. Zu senger Musek wäerten Dänzer eng Choreographie vum Jean-Guillaume Weis presentéieren. De Luc Boentges war an enger Prouf dobäi an huet mam Dirigent vum Owend, dem Florian Krumpöck, geschwat.