CD-Klassik
De Brahms an d'Gei
Zënter de Johannes Brahms als jonke Pianist mam ungaresche Geiist Eduard Reményi op Tournée war, hat de Komponist eng ganz besonnesch Relatioun zur Gei. Verstäerkt gouf déi nach duerch d'Bekanntschaft mam Joseph Joachim, d'Autoritéit am Fach Gei an der zweeter Halschent vum 19. Joerhonnert. De Joachim huet dem Brahms wichteg Rotschléi während der Aarbecht u sengem Geieconcerto ginn, deen de Vadim Gluzman elo, zesumme mat der éischter Geiesonate, nei enregistréiert huet.