arrow_back_ios
Klassik aktuell
"De giele Floss"
D'"Internationale Musikfestspiele Saar" stinn dëst Joer ënnert dem Motto "China". Deementspriechend steet e Samschdeg (15.7.2015) an der Congresshalle Saarbrécken deen a China immens bekannte Pianosconcerto "De giele Floss" um Programm. Interpretéiert gëtt dëst Wierk vum Pianist Nikolai Tokarev an der Russescher Nationalphilharmonie. De Luc Boentges huet mam Intentendant Robert Leonardy geschwat.