arrow_back_ios
CD-Klassik
Héich emotionale Chopin
Museksconcourse sinn eng Institutioun, iwwert déi ee vill an dacks kontrovers diskutéiere kann. Net ëmmer wënnt de beschte Kandidat. D'Sensibilitéite vun de Jurysmembere mussen net onbedéngt fir een objektive Verdikt suergen. Dat war och de Fall beim renomméierte Chopin-Concours 1960, wou dee belsch-franséische Pianist Michel Block de Jury an d'Laberente bruecht hat. Elo gëtt et de Matschnëtt vum Michel Block senge Prestatiounen op CD.