arrow_back_ios
CD-Klassik
Azul
Mat senger Markus-Passioun, déi hien am Joer 2000 fir d'Bach-Fest geschriwwen hat, huet den argentinesche Komponist Osvaldo Goljov sech definitiv an der internationaler Musekszeen etabléiert. De Golijov bréngt de Spagat fäerdeg, eng tonal Musek ze schreiwen ounst op déi sëllechen Ausdrocksformen ze verzichten, déi d'21. Joerhonnert bitt. E markant Beispill ass den Cellosconcerto "Azul", deen de Yo Yo Ma elo enregistréiert huet.