Klassik aktuell
Nachts im Museum
Zu Tréier ass am Kader vum Mosel Musikfestival e Concert op enger Plaz, déi een eigentlech besicht, fir eppes iwwer d'Réimerzäit gewuer ze ginn. Dëse Sonndeg (16.7.2017) gëtt tëschent den historeschen Ausstellungsstécker vum Rheinischem Landesmuseum allerdéngs Musek gebueden: De sloweneschen A-Cappella-Ensembel Ingenium proposéiert e Programm, dee sech iwwert e puer Joerhonnerten erstreckt, mat Wierker aus verschiddene Länner. De Luc Boentges huet mam Tobias Scharfenberger, dem Direkter vum Mosel Musikfestival geschwat.