CD-Klassik
Cello Abbey
Déi Schwäizer Cellistin Nadège Rochat ass mat hirem Instrument a Klausur gaangen, fir hir drëtt CD-Produktioun: Dat suggeréiert op d'mannst den Titel "Cello Abbey". Et ass een interessante Projet aus enger Partie Grënn: d'Musekerin huet fir d'Realisatioun vun der Opnam "Crowdfunding" gemaach. Um Programm steet nieft de bekannten Nimm Walton an Elgar och eng Première - ee Wierk vun der irescher Komponistin Ina Boyle. Een drëtt Argument, dat fir dës Produktioun schwätzt, sinn d'Interpretatiounen, mengt de Remy Franck.