CD-Klassik
Kammermusek vum Schostakowitsch
De Rudolf Barshai huet während sengem Geie-Studium zu Moskau och Kompositioun beim Dmitiri Schostakowitsch studéiert. Am Laf vun de Joren huet sech eng enk Zesummenaarbecht a Frëndschaft tëscht béide Museker entwéckelt. Déi ass esou wäit gaangen, dat de Barshai eng Rëtsch Kammermusek vum Schostakowitsch fir gréisser Ensembelen adaptéiert huet. Bekannt ass vrun allem d'Kammersymphonie - eng Beaarbechtung vum 8. Sträichquartett. Den Dmitri Yablonsky an d'Kiev Virtuosi hunn zwou Adaptioune vum Barshai enregistréiert.