CD-Klassik
Eng fréi Verdi-Oper
Dem Giuseppe Verdi seng Oper "Oberto" ass eng Raritéit. Géint d'Popularitéit vun engem Nabucco, engem Rigoletto, enger Aida kënnt dëst fréit Wierk net un. Et ware meeschtens ronn Joresdeeg - de 50. oder 100. Anniversaire vun der Première - déi den Drama vun 1839 op d'Affichë bruecht hunn. Net vill anescht ass et mat den Disque-Produktiounen. Elo gëtt et eng nei vun Heidenheim, déi méi wéi just eng Alternativ zu aneren Opnamen ass, mengt de Remy Franck.