CD-Klassik
Italienesch Symphonik
1940 bestellt déi japanesch Regierung fir d'Feiere vum 2.600. Anniversaire vun der Keeser-Dynastie eng Rëtsch Kompositiounen: dorënner dem Richard Strauss seng japanesch Festmusek, dem Benjamin Britten seng Sinfonia da Requiem - déi letztendlech wéinst dem Sujet verworf gouf - an dem Ildebrando Pizzetti seng eenzeg Symphonie. Dëst Wierk vum Matbegrënner vun der italienescher symphonescher Musek gëtt et elo an enger neier Opnam.