arrow_back_ios
CD-Klassik
De Papp a seng Filssen
Wéi fir vill aner Interpreten, ass och fir de Pianist Sebastian Knauer dem J.S. Bach seng Musek eng Zort Magnéit, déi een unzitt an net méi lassléisst. De Knauer consacréiert der Musekerdynastie antëscht eng zweet CD, déi en zesumme mam Zürcher Kammerorchester opgeholl huet. Dësen Orchester steet zanter engem Joer ënnert der Leedung vum Geiist Daniel Hope, deen dëst Joer "Artist in Residence" beim Iechternacher Festival war.