CD-Klassik
Den Nero als Oratorie-Figur
16 min
Roum brennt, an de Keeser Nero mécht d'Chrëschte verantwortlech fir d'Katastroph. De réimesche Generol Marcus Vinicius kritt ëmmer méi Zweiwel un der Legitimatioun vum Keeser senger Muecht a fënnt seng Wourecht am Chrëschtentum. Dat ass de Fong vum Henryk Sienkiewicz sengem Roman, deen d'Virlag vum Monumentalfilm vun 1951 geliwwert huet - e Film, fir den de Miklos Rosza d'Musek geschriwwen huet. "Quo vadis" ass awer scho laang virum Film als Oratorium vum Felix Nowowiejski vertount ginn a koum elo als CD-Produktioun eraus.