CD-Klassik
Héich musikalesch
14 min
De Camille Saint-Saëns war e brillante Pianist. Dovunner gëtt et esouguer Klang-Beweiser, well de Komponist als 70jäeregen am Ufank vum 20. Joerhonnert selwer en etlech Opname fir de Phonograph gemaach huet. Fir seng fënnef Pianosconcerti hat de Komponist ee kloert Konzept: Brillanz a Virtuositéit stinn net un éischter Plaz. Seng Concerti si symphonesch Musek, wou de Piano an den Orchester gläichermoossen eng Roll ze spillen hunn. No laange Jore gëtt et deemnächst eng nei Intégrale vum Saint-Saëns senge Concerti. Déi zweet CD aus der Serie koum elo eraus.