Klassik aktuell
E Concertssall fir opzeblosen
3 min
E Concertssall fir opzeblosen - dat ass d' Lucerne Festival Ark Nova. Den Numm ass Programm a stécht voller Symbolik. Eng Nei Arch, déi 2011 no der Katastroph vu Fukushima entwéckelt gi war, fir de Mënschen och duerch Musek Courage beim Nei-Opbau vun hiren Existenzen ze maachen. De japaneschen Architekt Arata Isozaki an de britesche Kënschtler Anish Kapoor hunn eng mobil Struktur entworf, déi keng droend Elementer huet. Dat elastescht Material ass liicht ze transportéieren, an d'Opblosen mécht den Opbau onkomplizéiert.