CD-Klassik
Brasilianesch Rhythmen an neo-klassesche Sinfonien
15 min
Als gréisste Vertrieder vu Latäin-Amerika an der Welt vun der klassescher Musek huet den Heitor Villa-Lobos ee Wandel ewech vun der brasilianescher Folklore, hin zu méi klassesche Kompositiounsweisen duerchgemaach. An trotzdeem fënnt een ëmmer nees Spure vu senge südlännesche Wuerzelen a sengem spéide Wierk erëm. Den Isaac Karabtchevsky huet zesumme mam São Paulo Symphony Orchestra en Disque erausbruecht, wou hien op d'Sich no dëse Wuerzele geet. De Remy Franck presentéiert d'CD.