CD-Klassik
Vu Bartók bis Strawinsky
Wann ee sech d'Präisser ukuckt, déi de Michael Gielen gewonnen huet, stellt ee séier fest, datt hien ee vun deene ganz groussen Dirigenten ass: 1985 huet hien den Hessesche Kulturpräis gewonnen, 1986 den Theodor-W.-Adorno-Präis, an 2010 krut hien ënnert anerem dat grousst Verdéngschtkräiz vun der Bundesrepublik Däitschland iwwerreecht. Wéi hien 2014 bekannt ginn huet, datt hie mam Dirigéiere géing ophalen, huet den SWR-Music-Label decidéiert, eng ganz Editioun mat den Opname vum Michael Gielen erauszebréngen. De Remy Franck huet an de 5. Volume vun dëser Editioun eragelauschtert.