D'Australierin Suzanne Cotter soll nei Directrice vum Mudam ginn, mellt de Paperjam
De Justizminister Felix Braz huet haut säi Gesetzprojet iwwert een nationaalt Vermummungsverbuet presentéiert
D'Chambre des Salariés fuerdert fir d'Zivilgesellschaft, d'Personaldelegatioun an d'Studenten op der Uni Lëtzebuerg méi Matsproocherecht, wéi dat neit Unis-Gesetz et virgesäit
Extrem héich Temperature kënnen an Zukunft responsabel si fir 99 Prozent vun den Doudesfäll, déi duerch d'Klima verursaacht ginn. Dat geet aus enger europawäiter Etude vum Joint Research Center vun der EU-Kommissioun ervir
De 15. Oktober gëtt am däitsche Bundesland Niedersachsen en neie Landtag gewielt
Den Iran a Renault hunn e 660-Milliounen-Euro Deal ofgeschloss, fir Autoen am Iran bauen ze loossen
Den Alberto Contador huet annoncéiert, datt seng Carrière nom Tour duerch Spuenien wäert op en Ënn kommen.