Et goufen zu Lëtzebuerg Eeër verkaf, déi mam Insektizid Fipronil contaminéiert waren, deelen de Gesondheets- an de Landwirtschaftsministère mat
D'Reform vun de Gemengefinanzen huet méi Gerechtegkeet geschaaft, seet den Inneminister Dan Kersch
Eng Lëtzebuergesch Asbl wëllt am Kader vum Diesel-Skandal mat enger Sammelklo géint Volkswagen virgoen
déi jonk gréng weise sech enttäuscht vun der geplangten Aféierung vum Vermummungsverbuet
Ee bekannte franséischen Aktivist ass a Frankräich zu enger Prisongsstrof veruerteelt ginn, well hie Flüchtlinge gehollef huet, illegal iwwert déi italienesch Grenz an d'Land eranzekommen
En Äerdbiewen mat enger Stäerkt vu 6,5 op der Richterskala huet de Mëtteg déi südwestchinesesch Provënz Sichuan getraff. Dobäi gouf et op d'mannst véier Doudesaffer
Interpol huet am Juni annerhallef Milliounen Tonnen illegalen Offall op der Welt saiséiert
Fir d'éischte Kéier ass eng Lëtzebuergerin duerch den Äermelkanal geschwommen. Déi 29 Joer al Paule Kremer vu Walfer huet bannent 13 Stonnen a 54 Minutten déi 60 Kilometer hannert sech bruecht.