arrow_back_ios
CD-Klassik
Mahler: Symphonie Nr. 3
Déi kolossal a längste vun den Sinfonië vum Gustav Mahler war déi drëtt, an ass a sechs Sätz ënnerdeelt. Si ass nees fir groussen Orchester, Solisten, mä och Kanner- a Fraechouer, aus de Joren 1893 bis 1896. Dee véierte Saz ass wuel deen, deen am meeschte beréiert, mam vum Altsolo gesonge Partien, no engem Text vum Friedrich Nietzsche Wandler Lied "O Mensch! Gib acht!" aus dem "Also sprach Zarathustra". Den fënnefte Saz ass vun den Texter "Des Knaben Wunderhorn" inspiréiert. De Remy Franck presentéiert d'CDen.