D'Attentater zu Barcelona a Cambrils ware scho méi laang geplangt, sot de Mëtteg de Chef vun der katalanescher Police. Bis ewell si keng Lëtzebuerger ënnert den Affer
Bei enger Messerattack a Finnland koum am Nomëtteg eng Persoun ëm d'Liewen
Amnesty International wëllt an Zukunft méi intensiv ënnersichen, ob Banken an illegal Waffegeschäfter involvéiert sinn
Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet déi däitsch Wieler, déi tierkesch Originnen hunn, dozou opgeruff, bei der Bundestagswahl de 24. September d'CDU, d'SPD an déi gréng ze boykottéieren
Am Atomkraaftwierk zu Cattenom gouf eng Persoun bei Maintenance-Aarbechten kontaminéiert
Um Findel géifen all d'Acteuren zesummeschaffen, sot den Direkter vun der Bedreiwergesellschaft Luxairport am 100,7-Interview. Dem Johann Vaneste no géif een um Terrain och gutt mat der Flughafeverwaltung ANA zesummeschaffen
Um Stauséi däerf ee bis op Weideres net op der Plage "Romwiss" bei Baschelt schwamme goen, mellt d'Waasserwirtschaftsamt. Op där Plaz goufe sougenannte Blo-Algen detektéiert.