Klassik aktuell
OPL op Spuenientournée
Fir en international unerkannten Orchester ass et wichteg op Tournée ze goen, esou den Geoffroy Guirao, Produktiounsleeder vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Den Ensembel preparéiert sech op eng Spuenientournée, déi si op San Sebastian a Santander hiféiert. Um Programm ënner anerem de Requiem vum Guiseppe Verdi mat engem prestigiéise Chouer aus Spuenien an enger Partie international unerkannte Solisten.
De Manuel Ribeiro huet sech mam Geoffroy Guirao, ënnerhalen.