D'EU-Kommissioun wëllt d'Bayer-Monsanto-Fusioun méi genee ënnert d'Lupp huelen
D'USA hu Sanktioune géint chinesesch a russesch Betriber decidéiert, well si géingen den nordkoreaneschen Atomprogramm ënnerstëtzen
Groussbritannien wëllt nom Brexit enk mat der EU bei grenziwwerschreidenden Zivilprozesser zesummeschaffen
Ëmmer méi Beie-Bestänn stierwen of, de Fuerschungsprojet "Bee-First" soll deem entgéint wierken
An Indien gëtt d'Blëtzscheedung fir moslemesch Männer verbueden
Den Haaptverdächtege vun der Messerattack zu Turku a Finnland leschte Freideg huet gestanen
De russesche Realisateur Kirill Serebrennikov gouf wéinst Bedruch ugeklot. Hie gëtt verdächtegt tëscht 2011 an 2014 ëffentlech Gelder vu knapp enger Millioun Euro ënnerschloen ze hunn
Den FC Barcelona huet eng Plainte géint den Neymar deposéiert.