Klassik aktuell
Kuerznoriichten aus der Klassikwelt
- Zesummen mat Amazon Music soll de Label Deutsche Grammophon eng grouss Partie Opnamen als Streaming-Radiossender virstellen.
- De polnesche Pianist an Instrumentebauer Slawonir Zubrzycki huet en Instrument, dat vum Leonardo da Vinci an de Joren 1488/89 entworf gouf, eng éischte Kéier gebaut.
- De Regisseur Kirill Serebrennikow ass vun engem zoustännege Geriicht ënner Hausarrest gestallt ginn. D'Enquêteure werfen him vir, ëmgerechent ronn eng Millioun Euro ënnerschloen ze hunn. Weider ginn déi russesch Polizei dem Virworf no, de Serebrennikow soll de genannten "7te Studio" gegrënnt hunn, fir Subventiounsgelder an Héicht vun ëmgerechent 2,84 Milliounen Euro ze kréien.