Klassik aktuell
OPL a Spuenien: Grouss Finale virun iwwer 1.600 Leit
E Sonndeg (27.8.2017) huet den Philharmonechen Orchester Lëtzebuerg, seng Spuenientournée mat engem Concert virun iwwer 1.600 Leit am "Palacio de Festivales de Cantabria" zu Santander ofgeschloss. Do virdrunner huet den OPL zwee Concerten zu San Sebastián am Kader vum Festival "Quincena Musical" gespillt. De Luc Boentges war op der Plaz an huet ënnert anerem mam Chefdirigent Gustavo Gimeno an dem Konzertmeeschter Philippe Koch iwwer d'Tournée geschwat.