Klassik aktuell
Camille Kerger: Pensioun mä weider kreativ
Obwuel den Direkter vum INECC Camille Kerger den 1. September 2017 an d'Pensioun geet, heescht dat net, dat hie mat der Musek ophält, ganz am Géigendeel. Fir den Hierscht huet hien net manner wéi fënnef Kreatiounen ze komponéieren.
De Camille Kerger ass beim Manuel Ribeiro am Studio an zitt d'Bilanz iwwert seng 15 Joer Amtszäit als Direkter vum INECC (Institut européen de chant choral - Lëtzebuerg).