Klassik aktuell
"Et ass eng enorm Chance"
Leschte Freideg (25.8.2017) huet den Ensembel United Instruments of Lucilin bei der Ruhrtriennale d'Uropféierung vum Philippe Manoury senger Oper "Kein Licht" gespillt. Et ass en zäitkritescht Wierk, dat zwar virkomponéiert war, seng endgülteg Form awer eréischt während de Prouwe krut. Wat ass d'Konzept hannert dëser Oper? Wat bedeit dëse Projet fir de Lëtzebuerger Ensembel? De Luc Boentges huet beim Guy Frisch, Direkter a Perkussionist vu Lucilin, nogefrot.