Klassik aktuell
Lucky Punch
E Samschdeg (2.9.2017) lancéiert d'Gesellschaft fir aktuell Klangkonscht vun Tréier de Festival "Lucky Punch" fir zäitgenëssesch Musek, Performance an Danz zu Oberbillig. Dat besonnescht ass, datt déi néng Opféierungen net alleguerten an engem Concertssall sinn, mä de Publikum vu Plaz zu Plaz wandert. D'Rees geet dobäi vun Oberbillig iwwer d'Grenz op Waasserbëlleg an nees zréck. De Luc Boentges huet mam Bernd Bleffert, engem vun den Organisateure geschwat.