D'BIL gëtt vun der chinesescher Gesellschaft Legend Holdings opkaf. Den Haaptaktionär vun der BIL, Precision Capital aus dem Katar verkeeft seng 90-prozenteg Bedeelegung fir 1,48 Milliarden Euro
De Camille Fohl gëtt neie President vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess, hie gouf haut am Regierungsrot nominéiert
Zwee Changementer ginn et am 100,7 Verwaltungsrot: De Laurent Loschetter gëtt neie President an d'Michèle Vallenthini iwwerhëlt de Postë vum Guy Daleiden
Et war e Wollef, deen de 15. Juli dëst Joer tëscht Garnech an Holzem aacht Schof gerass hat, dat huet d'Natur- a Bësch-Verwaltung haut matgedeelt
D'EU-Kommissioun wäert net fir d'Käschte vum Zonk un de Grenzen am Süde vun Ungarn opkommen
De russesche President Wladimir Putin huet virun enger Extensioun vum Nordkorea-Konflikt gewarnt.