Klassik aktuell
Debussy a Szymanowski
D'Cathy Krier ass eng vun deene beschten a produktiivste lëtzebuergesche Pianistinnen. Nodeems hir lescht CD-Produktioune mat Janacek Wierker oder mat Komponisten aus der zweeter Wiener Schoul (Berg, Schönberg ...) exzellent Kritike kruten, ass elo eng nei Opnam prett. Der Cathy Krier hir nei CD mat "Images" vum Debussy a "Masques" vum Szymanowski, erschéngt kohärent. A genee esou kléngt och hir Interpretatioune vun dësen herrleche Wierker: homogen fléissend a sensibel beim Debussy a méi kontrastéiert beim Szymanowski. De Manuel Ribeiro huet sech mat der Cathy Krier ënnerhalen.