De Mais soll als eent vun deene wichtegsten Nahrungsmëttele méi nohalteg a mat Hëllef vu manner Pestizide produzéiert ginn, seet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen
D'Stader CSV wëllt fir méi Wunnengsbau suergen, an den Tram a Richtung Osten a Weste vun der Stad ausbauen
De Charles Stelmes gëtt neien Direkter vun der ENEPS
Déi spuenesch Regierung wëllt d'Referendumsgesetz vum katalounesche Parlament iwwert d'Onofhängegkeet vun der Regioun virum Verfassungsgeriicht kontestéieren
De Kosovo kritt eng nei Regierung
D'Europäesch Zentralbank léisst de Leetzëns am Euroraum weiderhin um Rekorddéif vun null Prozent
Am Kenia si 500.000 Mënschen a Gefor vir un Honger ze stierwen. Dat deelen haut d'Vereenten Natioune mat.