Panorama
Panorama
Op der Aire de Berchem goufe gëschter véier illegal Awanderer aus dem Iran fonnt
D'DP trëtt bei de Gemengewahlen mat 573 Kandidaten a Wahllëschten an 42 Proporzgemengen un
D'LSAP presentéiert de Mëtteg eng néi Kandidatelëscht fir d'Gemeng Rammerech, well eng vun de Kandidatinnen net an der Gemeng wunnt
Zu Lëtzebuerg sollen an Zukunft computergesteiert Autoe getest ginn. Däitschland, Frankräich an de Grand-Duché wieren sech eens, fir eng gemeinsam Teststreck ze schafen, op där automatiséiert a vernetztent Fuere kënne gepréift ginn
D'Belsch ass offiziell virun den Europäesche Geriichtshaff gezunn, fir d'Konformitéit vum Fräihandelsaccord tëscht der EU a Kanada, kuerz CETA, mam europäesche Recht ze iwwerpréiwen
Méi wéi dausend Leit, an der Haaptsaach Membere vun der muslimescher Minoritéit vun de Rohingya, kéinte bei de brutalen Ausenanersetzungen am Staat Rakine am Birma bis ewell em d'Liewe komm sinn
Bei engem schwéieren Äerdbiewen virun der Küst vu Mexiko koumen op d'Mannst 15 Persounen ëm d'Liewen
Den Hurricane Irma gouf op den Niveau 4 erofgestuuft. D'Zuel vun den Doudesaffer ass an Tëscht op 12 geklommen.