Panorama
Panorama
Den Hurrikan Irma huet Florida erreecht
Den UNO-Sécherheetsrot soll muer an der Nordkorea-Kris iwwer méi streng Sanktioune géint Pjöngjang ofstëmmen, Däitschland huet sech als Mediateur proposéiert
Tëscht Bréissel a Lëtzebuerg kéint op der Autobunn eng nei Bande fir de Covoiturage entstoen, fir géint de Stau ze kämpfen
De Comité vun de Vereente Natiounen, deen zoustänneg ass fir d'Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung, zitt ee mitigéierte Bilan iwwert d'Ëmsetze vun der UN-Konventioun, déi de Grand-Duché 2011 ratifizéiert huet
Bei schwéiere Wiederen an der Toskana an Italien sinn op d'Mannst 7 Mënschen em d'Liewe komm
D'Zuel vun den Doudesaffer nom Äerdbiewe virgëschter a Mexiko ass an Tëscht op 90 geklommen
Déi egyptesch Police huet 9 presüméiert Extremiste bei engem Schosswiessel ronderëm Kairo doutgemaach
A Myanmar, hunn d'Rohingya-Rebellen haut eng unilateral Wafferou deklaréiert