Klassik aktuell
Ee Monument vun der Pianosliteratur
Dem J.S. Bach seng Goldberg-Variatioune sinn eent vun de grousse Monumenter vun der Musek awer och eent vun de grousse Rätselen. De Bach war ee Museker, dee gäre systematesch geschafft huet, an Zyklen publizéiert, a bestëmmten Tounaarte-Suite schreift, sech vill mat der Mystik vun den Zuelen ausenanersetzt. D'Goldberg-Variatioune falen ë bëssen aus der Rei, vrun allem wat Systematik a Struktur ugeet. An domadder gëtt de Bach eis ee weidert Rätsel op, dat Pianisten ëmmer nees probéieren ze entzifferen. Esou och de Jean Muller, deen d'Goldberg-Variatioune fir Hänssler agespillt huet.