Panorama
Panorama
Goodyear investéiert 80 Milliounen Euro an eng nei Fabrick an där Premium-Autos-Pneuen hiergestallt ginn. Se soll 2019 zu Diddeléng opgoen.
D'LSAP geet mat de Schwéierpunkte Wunnengsbau, Mobilitéit a Betreiungsstrukturen an d'Gemengewahlen den 8. Oktober
Et gi Problemer beim Rekrutement vu spezialiséierten Enseignanten an der Grondschoul, seet den Educatiounsminister Claude Meisch
D'LSAP Sektioun Rammerech wëllt dogéint kloen, datt d'LSAP Kandidatin Laurence Depienne aus dem Awunnerregëster vu Rammerech gestrach gi wier
Iwwer déi nächst fënnef Joer sollen 120 Milliounen Euro an d' Sportinfrastrukturen hei am Land investéiert ginn
D'Europaparlament huet haut gréng Luucht ginn fir 8000 EU-finanzéiert Internet-Hotspotten op ëffentleche Plazen, Kliniken oder Bibliothéiken uechter Europa
Dausende Leit protestéieren haut a Frankräich géint déi geplangte Reform vum Aarbechtsmaart vum franséische President Emmanuel Macron
E Véierel vun den Haiser op de Florida Keys gouf duerch den Hurrikan Irma zerstéiert. De Rescht vun de Gebaier gouf zum Deel schwéier beschiedegt.