Panorama
Panorama
D'Ecoute vum radio 100,7 bleift stabel bei 5,4 Prozent. Dat geet aus der neitster TNS ILRES Plurimedia-Etude ervir
D'Stoltripartite huet haut en neien Accord ënnerschriwwen. De Grupp ArcelorMittal soll iwwert déi nächst zwee Joer all Kéier ronn 30 Milliounen Euro an déi Lëtzebuerger Stol-Wierker investéieren.
Déi Stater DP geet mat de Sujete Jugend, Logement a Mobilitéit an d'Gemengewahlen den 8. Oktober
D'Bëllegfluchgesellschaft Ryanair sträicht an den nächste 6 Wochen dausende Flich, fir hir eege Pénktlechkeet ze verbesseren. Dovunner sinn och Flich vun an op Lëtzebuerg betraff
Den US-President Donald Trump huet d'Vereenten Natiounen fir hir Bürokratie an den, senger Usiicht no, schlechte Management kritiséiert. Hie fuerdert scho méi laang eng Reform vun der UNO
Nom Hurrikan Irma ass elo een neie Stuerm um Wee an d'Karibik: den Hurrikan Maria soll ënner anerem déi franséisch Iwwerséigebidder Guadeloupe a Martinique sträifen
Den Diesel gëtt ëm Mëtternuecht 1,8 Cent de Liter méi deier.