Klassik aktuell
Die Stadt Luxemburg
"Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléid" - virun zwee Joer hat de Jos Groben a senger Anthologie "Das Moseltal" d'Spure vun der Regioun zesummegedroen, déi iwwer Joerhonnerten net nëmme geologesch, mee och kulturell duerch d'Waasser geformt gouf. Elo huet de Literaturwëssenschaftler a Kulturhistoriker sech op déi literaresch, ikonographesch a musikalesch Spure vun der Stad Lëtzebuerg gemaach. "Die Stadt Luxemburg" ass den Titel vun enger neier Anthologie vum Jos. Groben.