arrow_back_ios
CD-Klassik
E Revival
Nom grousse Succès vu senger Operette "Die lustige Witwe" stoung de Franz Lehar ë bëssen ënner Drock. En hat sech engagéiert, méiglechst schëtzeg een zweet Wierk nozeliwweren, datt natierlech och sollt vill Publikum unzéien. Den Challenge geléngt: Der Graf von Luxemburg gëtt eng vun deene populären Operetten an der No-Strauss-Ära. Fir Disquenindustrie schéngt d'Wierk manner interessant ze sinn, well et huet laang gedauert, bis nees eng gutt Gesamtopnam erauskoum.